De SciTeach Center ass e Ressourcen Center fir d’Enseignanten beim Ënnerriichten vu Sciencen an der Grondschoul ze ënnerstëtzen. Dëse Center befënnt sech um Belval um Uni Campus a bitt den Enseignanten eng grouss Offer un Formation Continuen déi drop ausgeluecht sinn e Schüler- an Kompetenzorientéierten Unterrecht ze erméiglechen. Duerch déi aktuell Situatioun déi duerch de Covid 19 Virus ausgeléist gouf, huet den Team vum SciTeach Center Aktivitéiten ausgeschafft fir de Kanner an de Famillen et ze erméiglechen naturwëssenschaftlech Phenomener zesummen ze entdecken. Dës kënnt Dir op eiser Website: https://sciteach.uni.lu/ fannen. Reegelméisseg gëtt un dësen Aktivitéite geschafft an nei Ideen proposéiert . Team géing sech iwwer Äre Feedback sou wéi iwwer Fotoen vun Äre Beobachtungen freeën. Dës kennt Dir eis op folgend Email Adress schécken: sciteach@uni.lu
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: