Duerch modern online Plattforme kënnen d’Schülerinnen an d’Schüler ganz einfach a vun iwwerall aus op Textveraarbechtungs-Programmer zougräifen. Mam Schreiwe vun engem online Tagebuch kënnen d’Kanner vill verschidde Kompetenzen asetzen, vum Sproochlechen iwwer den Ëmgang mat de Medie bis hin zur Reflexioun, wat fir eng Erliefnesser a wat fir enger Form solle gedeelt ginn.
D’Schülerinnen an d’Schüler dokumentéieren all Dag eng Rei vun ausgewielten Aktivitéiten an hirem Tagebuch. Wéi vill soll geschriwwe ginn, ka jee no Zyklus an no de Besoine vun de Kanner adaptéiert ginn. Zum Beispill ka gesot ginn, se sollte moies, mëttes an owes e kuerzen Text schreiwen. Jee no Sprooch an Zyklus kann hei drun erënnert ginn, datt déi richteg Zäite musse benotzt ginn, asw.
D’Tagebuch kann a Form vun engem online Dokument (z. B. am Office 365) geféiert ginn, sou datt d’Léierpersonal all Dag kann e Bléck driwwergeheien a personaliséierte Feedback ginn (z. B. iwwer d’Kommentarfunktioun direkt am Dokument oder iwwer den Chat am Teams oder soss enger Kommunikatiounsplattform).
Niewent dem Text kënnen a sollen och Fotoen an d’Tagebuch kommen. Och Audio- a Video-Opname sinn ze recommandéieren.
Computer, Tablet oder Smartphone mat Zougrëff op eng online Office-Plattform (z. B. MS Office 365, G Suite, asw.)
Alternativ: Pabeier a Stëfter
Wann eenzel Schülerinnen a Schüler keen Accès op online Plattformen hunn, kann natierlech och en op der Hand geschriwwent Tagebuch geféiert ginn, dat da gedeelt gëtt, wann d’Schoulen erëm opmaachen. Alternativ kënnen dës Schülerinnen a Schüler och Bréiwer schécken.
D’Prozedur gëtt hei unhand vun der Office 365-Plattform beschriwwen, natierlech kënnen awer och aner Plattformen agesat ginn. D’Enseignante oder den Enseignant creéiert am Teams (oder am Sharepoint oder an enger anerer online Plattform, déi an der Klass benotzt gëtt) en Dossier, an dee fir all Kand e Word-Dokument stoe kënnt, dat d’Struktur virgëtt. Eng Iwwerschrëft geet dofir duer, als Beispill kann een awer och schonn en éischten Text dra verfaassen. D’Dokumenter kënne vun de Kanner online ausgefëllt ginn (hei soll op d’Rechtschreiwung opgepasst ginn).
Et gëtt recommandéiert, datt d‘Enseignante oder den Enseignant exemplaresch virgeet an och en Tagebuch féiert, dat d’Schülerinnen an d’Schüler kënne liesen. Dat motivéiert d’Schüler a gëtt hinne vläicht nei Iddien.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: