D’Mussol an de Coronavirus ass déi 9. Editioun aus der Kollektioun vum Enric Vidal, engem Spezialist fir Prion-Krankheeten um IRTA-CReSA. Aner Bänn aus der Kollektioun sinn: D'Mussol an d’Neuronen, D’Mussol an d’Zuelen, D’Mussol an d’ABC, D’Mussol an d’Hënn, D’Mussol a wéi mir bannendra sinn, D’Mussol an d’Mikroben, D’Mussol an d’Famillen, D’Mussol an d’Antonymmen.
D’Geschicht erkläert op eng agreabel a verständlech Manéier, wat d’Wëssenschaftler wëssen iwwer de Coronavirus Sars-CoV-2 an d’Krankheet Covid-19, a geet op fundamental Froen an, wéi z. B.: Wat ass de Coronavirus, wou kënnt säin Numm hier a wéi gëtt en iwwerdroen? Wat ass eng Impfung? Mécht et Sënn, Masken ze droen? Firwat musse mir doheembleiwen?
D’Geschicht ka Kanner vun Erwuessene virgelies ginn oder d’Kanner liesen d’Geschicht selwer a Begleedung vun Erwuessenen.
D’Geschicht ass awer net nëmme fir Kanner geduecht, mee och fir méi al Jonker a fir Erwuessener. D’Zeechnunge sollen hëllefen, fir e puer Konzepter besser ze verstoen, besonnesch déi méi technesch a wëssenschaftlech Wierder.
Weider Sprooche sinn op dëser Websäit ze fannen.
En Update vum Dokument ass hei ze fannen (nëmmen op Katalanesch).
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: