Residence Reebou – Ech entdecke Sprooche ronderëm mech

Beschreiwung

Residence Reebou, dat sinn e puer Aktivitéiten, déi dir hëllefe sollen, d’Sproochevillfalt zu Lëtzebuerg ze erkennen. Dobäi geet et ëm deng Sproochen an d’Sproochen an dengem Ëmfeld.

Oflaf

Kuck dir folgend Geschicht un: https://www.ikl.lu/wordpress-2019/wp-content/uploads/2016/09/episode-02.html

Den Herr Spizzo huet all Dag mat ville verschiddene Sproochen ze dinn. E puer Sprooche schwätzt hien, anerer héiert hien an nach anerer gesäit hie just a schrëftlecher Form. Wéi enge Sprooche begéins du an dengem Alldag? Huel e Blat, diebel et an der Mëtt a schreif lenks all d’Sproochen ob, déi s du begéins an dengem Ëmfeld.

Du solls dann erausfannen, wéi eng Sproochen an der Aarbechtswelt geschwat ginn. Fro dofir Erwuessener wéi eng Sproochen si op der Aarbecht schwätzen, dat kënnen deng Elteren, Famill oder aner Bekannter sinn. Fro si och, wéi eng Sproochen si am meeschte benotzen. Schreif dës Sproochen op déi riets Säit vun dengem Blat an ënnersträich déi Sproochen, déi am meeschte geschwat ginn.

Kuck dir däi Blat elo un a vergläich wéi vill Sproochen op de jeeweilege Säite stinn. Wat fält dir op?

Stell dir elo fir, du häss eng Frëndin oder e Frënd, dat/deen op Lëtzebuerg plënnere wëll, fir ze schaffen. Schreif op de Verso vun dengem Blat, e Bréif, an deem s du him erkläers, wéi eng Sproochen hatt oder hien am Virfeld solle léieren. Erklär och wisou dës Sprooche wichteg sinn.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: