Residence Reebou – Ech entdecke meng Sproochen

Beschreiwung

Residence Reebou, dat sinn e puer Aktivitéiten, déi dir hëllefe sollen, d’Sproochevillfalt zu Lëtzebuerg ze erkennen. Dobäi geet et ëm deng Sproochen an d’Sproochen an dengem Ëmfeld.

Oflaf

Kuck dir folgend Geschicht un a fann eraus wien an der Residence Reebou wunnt: https://www.ikl.lu/wordpress-2019/wp-content/uploads/2016/09/episode-01.html

Elo weess du wien do wunnt. Du hues bestëmmt och héieren, dass d’Bewunner verschidde Sprooche schwätzen. Wéi eng Sproochen hues du erkannt?

Ginn dës Sproochen och an dengem Ëmfeld geschwat? Wéi eng Sprooche schwätzen d’Bewunner vun der Residence Reebou denger Meenung no mateneen? Erklär enger Frëndin oder engem Frënd, denge Geschwëster oder dengen Eltere firwat s du dat mengs? Wann s du dës Fro léiwer eleng beäntwers, da schreif se an en Heft oder op e Blat.

Elo kënnt de spannenden Deel: nämlech deng Sproochen! Op der Säit 37 vum Schülerheft vun dësem Programm, gesäis du eng Sprochefigur, déi s du ausfëlle solls. Du fënns d’Heft hei: https://www.ikl.lu/wordpress-2019/wp-content/uploads/2018/05/Brochure-Residence-Reebou.pdf

Schreif all Sproochen ob, déi zu dir gehéieren. Dëst kënne Sprooche sinn, déi s du schwätz oder verstees oder Sproochen, déi dir wichteg sinn, obwuel s du se net oder net sou gutt schwätz. Wiel fir all Sprooch eng Faarf a mol d’Sproochefigur mat dëse Faarwen. Du kanns selwer entscheet wéi grouss eng Fläch gëtt, déi s du mat enger Faarf ausmools, an ob s du d’Häerz, de Kapp asw. domat ausmole wëlls.

Op der Säit 38 kanns du opschreiwen, wéi eng Bedeitung dës Sprooche fir dech hunn.

Tips an Tricks

Sproochen, déi an der Geschicht virkommen:

Lëtzebuergesch, Portugisesch, Italienesch, Marokkanesch, Serbo-Kroatesch, Däitsch (Schild), Franséisch, Kapverdianescht Kreolesch

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: