Klangrad

Klangrad a Klangrad Mini

Klangrad ass e Léierprogramm, dat déi auditiv Perceptioun fërdert. De Schwéierpunkt läit um Ënnerscheede vun netsproochleche Kläng. E geneet Nolauschteren an eng kloert Auserneenhale vu Kläng gi spilleresch an ouni Sprooch ënnerstëtzt. Ausserdeem ginn Opmierksamkeet, auditiivt Gediechtnes a Konzentratioun an héijem Mooss gefuerdert a gefërdert.

Et gëtt fënnef Klang-Theemen: Vigel, Musek, Rhythmus, Technik an Alldag. Jiddwer Thema huet zwanzeg Exercicen, déi ëmmer méi schwéier ginn.

Krangrad MINI ass de Complement zu Klangrad fir de Beräich vun der Éducation précoce an dem Fondamental. Am Ënnerscheed zu Klangrad si sämtlech Kläng mat Biller hannerluecht. D‘Biller ginn opgedeckt, soubal e Klang erkannt ass.

Hei gëtt et véier Klang-Theemen: Déieren, Musek, Technik an Alldag. Jiddwer Theema huet zwielef Exercicen, déi vu Kéier zu Kéier méi schwiereg ginn.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: