An dëser Rubrik fannt der e ganze Koup flott Aktivitéiten direkt aus dem natur musée :
Esou hunn mir zesumme mam natur musée eng ganz Rei Videoe preparéiert fir Iech verschidden Ausstellung méi no ze bréngen. Esou erzielt de Claude Heidt iech e ganze Koup Verrécktheeten zu der Geckeg Vullen Ausstellung, déi der och nach bis Enn August live am natur musée kennt gesinn. Ausserdeem gëtt et rockeg wann de Paleontologe Ben Thuy iech Fossilien déi zu Lëtzebuerg fonnt goufe méi no bréngt. De Geologe Alain Faber weist datt Steng alles anescht ewéi langweileg sinn a kläert ons iwwert den eelste Lëtzebuerger, de Loschbour op.
Da kennt et e flotte Kannerkrimi ‘Le secret de Mélusine’ aus der Serie ‘Enquêtes au muséum’ déi am Gronn am natur musée spillt. E grousse Merci un den Editeur Plume de Carotte souwéi Schrëftstellerin Laurence Talairach an den Zeechner Titwane, déi ons Buch hei fräi zur Verfügung stellen !
Ausserdeem kennt der iech am 3D duerch de natur musée beweegen an iech nach eng Kéier alles a Rou ukucken !
Dir fannt och an dëser Rubrik eng ganz Rei Aarbechtshefter, déi vum Service Educatif vum natur musée ausgeschafft goufen, souwéi d’Panewippercher vun hirem Panda-Club.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: