Pixavril / Shutterstock.com

De Petzi a seng Frënn

Hei fannt Dir eng Rëtsch vu Spiller, déi Ärem Kand seng léifste Spillkomeroden (Petzi, Kuscheldéier, Popp ...) an de Mëttelpunkt stellen.

Spiller

Spill 1: De Petzi a seng Frënn 

Dëst flott Spill fir Kanner bis 4 Joer fërdert ë. a. op eng spilleresch Aart a Weis seng Sproochentwécklung.

Méi Informatioune fannt Dir an de PDF-Dokumenter. Beschreiwung De Petzi a seng Frënn (1).

 

Spill 2 - De Petzi a seng Frënn: Spiller fir d'Aen

Bei dësem zweete Spill aus der Rei De Petzi a seng Frënn geet et drëm, genee ze kucken an all Kéier méiglechst séier ze gesinn, wat ännert (en Déierche kënnt dobäi, eent gëtt ewechgeholl, zwee Déiercher wiesselen d’Plaz …).

Méi Informatiounen iwwert dëst flott Spill fir Kanner vun 3 bis 6 Joer fannt Dir am PDF-Dokument Beschreiwung De Petzi a seng Frënn (2).

 

Spill 3 - De Petzi a seng Frënn: Spiller fir d'Hänn

Am drëtte Spill aus der Rei De Petzi a seng Frënn geet et drëm, säint oder engem anere säin Déierchen erëmzefannen. Dat ass u sech net esou schwéier, et sief dann et mécht een dat mat den Hänn, an nëmme mat den Hänn!

Méi Informatiounen iwwert dëst flott Spill fir Kanner vun 3 bis 6 Joer fannt Dir am PDF-Dokument Beschreiwung De Petzi a seng Frënn (3).

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: