Mat dem Wimmelbiller-Set „Komm mat op d‘Sich!“ gëtt op schouldoheem.lu didaktescht Material zur Verfügung gestallt, fir bei der Fërderung vum Sprooch(en)léieren ze hëllefen. D’Bildmaterial ass sproochneutral, d. h. op den eenzele Pouster gëtt keng Sprooch benotzt. Doduerch kann d’Material zum enge bei der Fërderung vun der Éischt-, wéi och beim Léiere vun enger Zweetsprooch resp. weidere Friemsprooche benotzt ginn. Zum anere kann et awer och sproochiwwergräifend agesat ginn, d. h. et kënne méisproocheg Aktivitéite stattfannen.
An dësem Set sinn zéng thematesch Situatiounsbiller, bestoend aus engem grousse Pouster (recto) a sechs eenzelnen Übungen (verso), déi sech op déi jeeweileg Thematik bezéien. Et gouf probéiert, fir nieft dem „klasseschen Asaz“ vu grousse Pousteren, nach weider Asazméiglechkeeten ze kreéieren. Fir mat dëse grousse Situatiounsbiller ganz verschidde sproochlech a kommunikativ Kompetenze kënnen auszeschaffe gouf en innovatiivt Konzept entwéckelt, dat verschidden Aktivitéite proposéiert – an doriwwer eraus nach vill Fräiraum léisst fir weider pädagogesch Übunge kënnen unzebidden; dëst duerch eng besonnesch Aart vum Falen, datt duerno aus dem Pouster e Booklet entsteet. Esou kann all Kand säin eegent Exemplaire kréien, dat et fir sech entdecken an un deem et schaffe kann.
Et goufen zéng Themen ausgewielt, déi sech alleguer mat Liewens- an Erfahrungsberäicher ausernee setzen, déi fir Kanner vu Relevanz sinn: am Klassenzëmmer, an der Klinick, am Schoulhaff, op der Spillplaz, um Bauerenhaff, bei der Famill, an der Natur, am Verkéier, am Supermarché, am Kleederschaf.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: