mimamu / makedra

mimamu – Mir maache Musek / makedra - maach (k)een Drama

mimamu/makedra  ass eng Initiative vum SCRIPT.

Mir setzen eis a fir eng kulturell Bildung a Kulturvermëttlung an der Schoullandschaft, an d’Fërderung vu musikaleschen an theaterpädagogesche Kompetenzen an Erliefnisser, sief et a Form vu Materialien oder och a Form vu Projeten, déi uechter d’Land lafen.

Op www.mimamu.lu/schouldoheem oder www.makedra.lu/schouldoheem fannt dir flott Material an Iddien fir Museks-, oder/an Theater-Aktivitéiten doheem ze maachen.

Fir d’Musek op mimamu:

  • Lidder fir all Zykle, mat Playbackbegleedung an deelweis mat Karaoketext.
  • Bodypercussion mat verschidde Schwieregkeetsgraden, eleng, zu zwee, dräi oder véier.
  • Basteluleedungen fir Instrumenter, Memoryspiller…
  • Rätsel, Nouten, Rhythmik a villes méi…

 

Fir den Theater op makedra:

  • Theaterspiller ( ech inzenéieren a spille mäin Theaterstéck, meng Theaterzeen doheem )
  • Kreativ schreiwen, üben a virdroen
  • Kreativ Improvisatiounsübungen a -spiller
  • Basteluleedungen fir Jongléierbäll a basis Technike vum Jongléieren (jongléiere mat 1, 2, 3 a méi Bäll ) a villes méi
Fichiers à télécharger

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: