Dëst Plattform bitt eng Rei e-Learning Apps un. Et kann ee sech Aarbechtsblieder generéiere loosse mat passenden Korrekturblieder dobäi. D'Aufgabe kënnen hei ganz individuell ugepasst ginn, sou datt se en differenzéIerten Unterrecht ënnerstëtzen.
Als Enseignant huet een och d'Méiglechkeet eng Virtuell Klass unzeleeën. Hei kënnen Dokumenter, Texter, Aufgaben, Aarbechtspläng a Projete eropgelueden a gedeelt ginn.
Dës Plattform gëllt och als gesëchert soziaalt Netzwierk, wou ee sech mat aanere Schüler an Enseignantë vernetze kann. Weiderhinn huet een d'Méiglechkeet ouni Virkenntnisser eng eege Websäit (z.B. fir d'Schoul, d'Klass oder fir e Projet) ze bauen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: