Geogebra 4: Geogebra 3D – Entdecke vu Kierper (Solides) an der Emgéigend

Beschreiwung

Mat Geogebra3D (op enger Tablette) kann ee mathematesch Kierper (Wierfel, Quader, Pyramide, …) erstellen an unhand vun der AR Funktioun (Augmented Reality) virtuell erschénge loossen.

Oflaf

Erstell e Kierper, zum Beispill e Wierfel.

Klick op d’Funktioun AR (ënne riets am Eck).

Sich an denger Ëmgéigend no engem Géigestand, dee wéi e Wierfel ausgesäit. Ënnersich op de Géigestand déi selwecht Eegenschaften huet a maach eng Bildschiermopnahm dovunner.

Material

Geogebra 3d App op der Tablette

Tipps an Tricks

Kuck dir d’Videoen ënnert www.geogebra.com un.

Du kanns ee Kierper och aus puer eenzele Kierper zesummesetzen.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: