Léier d’Duerf Djinack Bara am Weste vum Senegal, no un der Grenz zu Gambia kënnen.
Besich fir d’éischt d’Säit vum Zentrum fir interkulturell Bildung - ikl:
https://www.ikl.lu/de/senegalites-das-begleitmaterial-der-workshops/
Kuck dir de Film Eine Entdeckungsreise nach Djinack Bara un.
Duerno dierfs du dir e Workshop eraus sichen:
Geografie:
Kuck dir dat elektronescht Buch un a probéier duerno d’Fiche auszefëllen.
Waasser:
Schoul:
Kuck dir d’elektronescht Buch Säit fir Säit un. Äntwer op d’Froe befiers du op eng nei Säit gees. Diskutéier mat Frënn, Geschwëster oder Elteren iwwert deng Äntwerten. Wann s du d’Aufgab léiwer eleng mëss, kanns du deng Äntwerten op e Blat schreiwen. Du kanns herno iwwerpréiwen, ob deng Äntwerte richteg waren.
Fräizäit:
Kuck dir d’Biller an der Galerie un a probéier ze erroden, wéi eng Biller zesumme gehéieren. Et gehéiert all Kéiers ee Bild aus Lëtzebuerg an eent aus dem Senegal zesummen. Du kanns d’Fotoen nummeréieren an opschreiwe wéi eng Fotoen zesumme gehéieren. Wann s du fäerdeg bass, kanns du kontrolléieren ob alles richteg war. Duerno kanns du probéieren d’Fiche auszefëllen.
Als Ofschloss kanns du dir dat elektronescht Buch ukucken. Hei kanns du kontrolléieren, ob deng Äntwerte richteg waren an du fënns Iddie fir zwee Spiller ab zwou Persounen.
Wann s du méi iwwert Duerf Djinack Bara wësse wëlls, kanns du dir och folgend Säit (op Franséisch) ukucken:
https://www.senegalites.lu
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: