4 am Revéier ass en däitsch- lëtzebuergescht Magazin fir virwëtzeg a villsäiteg interesséiert Kanner ab 8 Joer, erausgi vum Naturpark Uewersauer.
Maach mat Hëllef vun dëse sechs Ausgabe vu 4 am Revéier eng Entdeckungstour duerch den Naturpark Öewersauer. Fann eraus, wats du um Stauséi erliewen, beobachten an ausprobéiere kanns (Ausgab 2). Léier Esch-an-der-Sauer (Ausgab 1) oder d’Staat Woltz (Ausgab 3) kennen, wéi se entstane sinn a wéi se sech am Laf vun der Zäit verännert hunn. Huel d’Natur, d‘Fräizäit, d’Geografie an d’Geschicht vun der Gemeng Baschleiden ënnert d’Lupp (Ausgab 4). Entdeck d’Gemeng Winseler (Ausgab 5) an de Lëtzebuerger Ardennen, maach d’Bekanntschaft mam Wollef vun Donkels a léier aner Déierebewunner kennen.
Nieft den Informatiounen zu den Themen Natur, Geschicht, Fräizäit, Technik a villes méi, gëtt et vill Rätselen, Tipps fir auszeprobéieren, e Pouster an eng Entdeckerkaart.
D’Ausgab 6 zum Thema Klimaschutz gouf zesumme vun den Naturparken Uewersauer Our erausginn. D’Aërd ass eise kostbaarste Schatz. Si ass de Liewensraum fir eis Mënsche souwéi och fir all Déier a Planzen. Mee leider verschlechtert sech d’Klima ëmmer méi. U wat läit dat? Wat kënne mir dogéint maachen? Wat ass Wierder a wat ass Klima? Wat sinn Zäregaser? Betrëfft de Klimawandel all d’Mënschen d’selwecht? All dat léiers du an dëser Ausgab vu 4 am Revéier.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: