Veras Leben

Beschreiwung

Bei dëser Übung solls du iwwerleeën, wéi et ass als Auslänner op Lëtzebuerg ze plënneren.

Oflaf

Bastel dir fir d’éischter eng Gefillsauer. Du fënns eng Virlag bei Bee-Secure:

https://www.bee-secure.lu/wp-content/uploads/2016/07/47_leitfaden-anhang-die-gefuhlsuhr.pdf

Wann s du keen Drucker hues, kanns du dir deng eege Smileyen op e Blat molen.

Lies elo d’Geschicht Veras Leben op der Säit 19 vum Heft Was uns Menschen bewegt, dat s du hei fënns:

https://www.ikl.lu/wordpress-2019/wp-content/uploads/2019/09/WUMB_2010-CC.pdf

Probéier, wärenddeem s du d’Geschicht lies, op der Gefillsauer unzeginn, wéi d’Vera sech zu de jeeweilegen Zäitpunkten an der Geschicht fillt.

Nodeems du d’Geschicht gelies hues, solls du dir virstellen, dir géingt eng nei Schülerin oder e neie Schüler an d’Klass kréien, dat/deen eréischt viru kuerzem op Lëtzebuerg geplënnert ass. Wat kéints du maachen, fir dass hatt/hien sech wuel spieren an ärer Klass? Schreif dräi Iddien op.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: