Zoue Grenzen

Beschreiwung

Bei dëser Aktivitéit solle SchülerInne léieren, firwat et zu Lëtzebuerg keng Grenzkontrolle ginn a sech iwwerleeë wéi d’Liewen zu Lëtzebuerg géif ausgesinn, wat et keng oppe Grenze géing ginn.

Oflaf

Säit dem 25. Mäerz 1995 gëtt et keng Grenzkontrolle méi zu Lëtzebuerg. Firwat dat esou ass, kanns du dir am Beitrag vum Radio 100,7 vum 27. Mäerz 2020 ulauschteren: https://www.100komma7.lu/podcast/292758 (Minute 5‘ – 8‘30‘‘)

Fréier gouf et op de Lëtzebuerger Grenze Grenzkontrollen. Fro eng Kéier deng Elteren oder Grousselteren, ob si sech nach erënnere kënnen, wéi dat deemools war. Wann s du ee fonnt hues, dee sech nach dorun erënnere kann, kanns du mat dëser Persoun en Interview maachen. Du kanns den Interview mam Handy oder engem aneren Ophuelapparat ophuelen oder dir d’Äntwerten op en Ziedel opschreiwen.

- Kënnt Dir Iech un eng Grenzkontroll op der Lëtzebuergescher Grenz erënneren? (Wann deng Elteren oder Grousselteren an engem anere Land opgewuess sinn, kënnen si dir och erzielen ob si do Grenzkontrollen erlieft hunn.)

- Wéini a wou war dat?

- Wat ass do geschitt?

- Wéi hutt Dir Iech bei der Kontroll gefillt?

Villäicht waars du och schonn an engem Land wou et Grenzkontrolle gëtt?

- Wou war dat?

- Wéi war dat fir dech?

- Wéi eng Reesdokumenter hues du do gebraucht?

- Hues du e Visa oder e Pass missten ufroen? (Wann s du dës Begrëffer net verstees, kanns du hei d’Begrëffer Visum a Pass nosichen: www.helles-koepfchen.de)

Wéinst der Corona-Kris goufe verschidde Grenzen zougemaach. Wat géing geschéien, wann déi Grenzen ganz zougemaach géinge ginn? Lies d’Geschicht zoue Grenzen op der Säit 24 vum Heft  Was uns Menschen bewegt (https://www.ikl.lu/wordpress-2019/wp-content/uploads/2019/09/WUMB_2010-CC.pdf)

D’Famill Clement ass immens opbruecht, wou si héiert, dat d’Grenzen zou sin. Stell dir fir, dat wier wierklech esou. Wat wiere Vir- an Nodeeler vun dëser Situatioun? Schreif all Vir- a Nodeeler ob, déi dir afalen.

Wann s du wëlls, kanns du elo deng eege Geschicht schreiwen, wéi s du dir d’Liewen zu Lëtzebuerg mat zouene Grenze virstells. Du kanns dech gäre vun de verschiddene Beiträg an Äntwerten déi s du am Interview krus inspiréiere loossen. Schéck ons deng Geschicht op: ikl@asti.lu

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: