Beschreiwung
D’Schülerinnen an d’Schüler kréien all Dag en neien Challenge: Se sollen eppes mat Legosstécker bauen. D’Eltere kënnen all Dag eng Foto vun der Konstruktioun maachen. No 14 Deeg huet een dann eng ganz Panoplie vu kreativen Iddien zesummegestallt.
Am PDF fannt Dir déi verschidden Aktivitéite fir all Dag.
Material
Legosstécker
Tipps an Tricks
Fir déi sproochlech Entwécklung vun de Kanner ze ënnerstëtzen, kënnen d’Elteren och eng Foto vun deene verschiddene Konstruktioune maachen an d’Fotoe mat Hëllef vun der „Book Creator“-App vertounen. D’Eltere setzen d’Foto dran an d’Kand erzielt, wéi et virgaangen ass.
D’Schülerinnen an d’Schüler kënnen och e klengen Text nieft d’Bild schreiwen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: