Kahoot!

Beschreiwung

Kahoot! ass eng spillbaséiert Léierplattform, déi et erméiglecht all méiglech Unterrechtsstoffer duerch e Froespill op eng flott Aart a Weis ze léieren. No all Froeronn kënnen d’Spiller opgrond vun hiren Äntwerten an hirer Schnellegkeet an engem Ranking ugewise ginn.

Kahoots kënne vu Léierpersounen a SchülerInnen erstallt ginn.

Oflaf

De Spillmoderator bereet am Virfeld e Froequiz (Kahoot! genannt) fir, dat en op der Säit vu Kahoot (www.kahoot.com)op sengem Computer start. En aktivéiert de Spillmodus an et gëtt direkt e Spillcode generéiert. D’SchülerInne loggen sech mat dësem Code iwwert hire Smartphone oder hir Tablett an d’Kahoot!-App eran a lass geet et.

Material

En Apparat (Computer, Tablett, Smartphone) fir de Spillmoderator

En Apparat pro SchülerIn, oder wann d’Kanner an enger Klass si kënnen och Gruppe gemaach ginn, do si bis zu 4 SchülerInne pro Apparat méiglech.

Tips an Tricks

Fir ze spillen ass KENG Registréierung (Account) néideg.

D’Erstelle vu Kahoots ass just mat engem Account méiglech.

Iddien zu Kahoot!

Am Menü DISCOVER fënnt een eng ganz Réi vu fäerdege Kahoots. Wann ee Begrëff siicht, fënnt en och eng Villzuel vu fäerdege Kahoots zu dësem Thema.

Blind Kahoot!

An dësem Modus gesinn d’Benotzer keng Froen, d’Froe gi vum Spillmoderator gestallt.

 

Fräizäitgestaltung vun eise Kanner doheem

kannerdoheem.lu

 

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: