Wärend der Suspensioun vun den Aktivitéiten an der Schoul, ass dat ganzt Audiomaterial zu den eenzele Schoulbicher (vum MENJE) mam Schüler-IAM zougänglech fir all Kand. All Audiodateie sinn no Cycle an no Fach opgedeelt. Fir genee gewuer ze ginn, wéi eng Audiodateie speziell fir Äert Kand wichteg sinn, riicht Iech w.e.g u säin Enseignant.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: