D’Schülerinnen an d’Schüler erfannen eng kléng Geschicht a stellen déi eenzel Etappe vun dëser Geschicht mat Legosteng no. Dës Etappe gi mat der Hëllef vun der App ,,Stopmotion‘‘ festgehalen.
D’Eltere lueden d’App ,,Stopmotion‘‘ erof.
D’Kand denkt sech mat de Legosteng a Legofiguren, déi et huet, eng Geschicht aus.
D’Kand baut déi jeeweileg Kulissen a mëscht eng éischt Foto.
Herno kënnen déi ënnerschiddlech Figuren, Déieren oder Autoen an dës Szen agesat ginn. Wichteg ass et, dass déi eenzel Figure kleng Beweegunge maachen an all Kéiers eng Foto dovunner gemaach gëtt.
- Legosteng
- App „Stopmotion“
Fir déi sproochlech Entwécklung vun de Schülerinnen a Schüler ze fërderen, kënnen si de Video vertounen.
Den Handy oder d’Tablett sollte beim Fotograféieren net beweegt ginn. Et kann een zum Beispill den Handy oder d’Tablett mat zousätzlechem Material ofstëtzen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: