D’App „Katze mit tz“ soll d’Kanner op eng spilleresch Aart a Weis mat der Rechtschreiwung familiariséieren a mat hinnen e Basisvocabulaire üben. Am Beräich „Virexercicer“ (Vorübungen) gëtt fir d’éischt dat phonologescht Bewosstsinn trainéiert.
D’Léiere vun der däitscher Orthografie geschitt mat Hëllef vu „Leetdéieren“. All Déier steet fir e bestëmmte Phenomen an der Rechtschreiwung (zum Beispill Katze fir tz). All Wuertgrupp gëtt op dee Wee separat geüübt.
Hanner jiddwer Déier verstoppt sech eng Léierkartei mat fënnef Léierschrëtt. Esou kréien d’Schüler d’Orthografie vum Basisvocabulaire vermëttelt a bilden hir éischt Rechtschreifreegelen. Alles an allem ginn esou eng 450 Wierder geléiert. Dee faarwegen Hannergrond hanner den Déiere gëtt d’Weiderkommen an der entspriechender Grupp un.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: