Indypendenz / Shutterstock.com

Schoulesch an allgemeng Formatiounen

  • Englesch online léieren: Grammaire, Vokabelen, Exercicen, Prüfungen, Spiller.
    Link op d'Websäit
  • Lumni (fréier France tv éducation), eng nei Offer, déi en Zougang zu Kultur, Wëssen a Léiere gëtt. Si proposéiert Kanner (eleng oder a Begleedung) anescht ze léieren, Coursen ze verlängeren an d’Welt, ronderëm eis ze verstoen.
    Link op d'Websäit
  • D’Khan Academy bitt eng héich Qualitéitsausbildung fir jiddereen – méi wéi 2.200 Mini-Lektiounen, a Form vu Video-Tutorials op YouTube, déi d’Mathématik, Informatik, Geschicht, Finanzwelt, Physik, Chimie, Biologie, Astronomie, Musek, Konscht an Economie ofdecken.
    Link op d'Websäit (FR)
    Link op d'Websäit (EN)
  • FUN-MOOC ass eng Plattform mat online Coursen oder MOOC (Massive Open Online Course / gratis online Coursen, déi fir jiddereen zougänglech sinn). Dës Coursen gi vu franséischen Héichschoulinstituter an hire Partner ugebueden.
    Link op d'Websäit
  • Wien oder wat verstoppt sech hanner oncampus? oncampus ass eng Equipe, déi digital Produkter gär huet, an déi der Meenung ass, datt Léiere spilleresch soll stattfannen. "Oncampus" ass eng 100-prozenteg Duechtergesellschaft vun der technescher Universitéit vu Lübeck. Zousätzlech gëtt integration oncampus fir Migranten ugebueden.
    Link op d'Websäit
  • Kiron Campus, eng Online Léierplattform fir Flüchtlingen op der ganzer Welt an ënnerversuergte Communautéiten am noen Osten. Entwéckelt Är Fäegkeete weider a mellt Iech nach haut gratis un!
    Link op d'Websäit
  • Allgemengbildung: Hut Dir haut schonn eppes geléiert? Hei kënnt Dir all Dag e bësse méi schlau ginn ... ! 1.841 pädagogesch Dokumenter als gratis PDF-Download (Aarbechtsblieder, Photokopien, Plakater, Deplianten, Tafelbiller, edukativt Material, Informatiounsgrafiken, Presentatiounen, Lektiounsserien a pädagogesch Posteren.
    Link op d'Websäit
  • Gratis virtuell Visite vu Muséeën aus der ganzer Welt.
    Link op d'Websäit
  • Am aussergewéinleche Kontext, dee vu jiderengem eng national Solidaritéit verlaangt, mécht d’Afpa, e Member vun der Fonction publique, hir MOOCs a Formatiounsmoduler fir jiddereen zougänglech. D'Afpa ass eng franséisch Organisatioun fir d’Erwuessenebildung.
    Link op d'Websäit

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: