CodyRoby

CodyRoby ass e Kaartespill wat s du selwer erstelle kanns. Lies dofir d’Erklärungen ënnert der Rubrik ,,Conseils et astuces’’. D’Material dofir fënns du ënnert der Rubrik ,,Autres liens pertinents’’.  

D’Uweisunge sinn als faarweg Kaarte mat Symboler duergestallt : virugoen (gréng), no lénks dréien (giel), no riets dréien (rout). D’Spiller, déi als Cody spillen, ginn dem Roby, duergestallt duerch eng Spillfigur, mat Hëllef vun dëse Kaarten Instruktiounen. Du kanns d’Spill och um Buedem spillen. Zeechen oder lee dofir e grousst Karomuster op de Buedem an du kanns oder aner Kanner kënne selwer zum Roby ginn a sech um Spillfeld beweegen. 

 

Aufgaben

Et sinn e puer Spillvariante méiglech. Dës 4 Youtube-Video’en weisen all eng aner Aart a Weis fir ze spillen. Kuck all Video a schreif fir se all d’Spillreegelen op.  

https://youtu.be/izpB0Cvl0tk 

https://youtu.be/izpB0Cvl0tk 

https://youtu.be/th0nbgo0PBs 

https://youtu.be/XqWRDab5GDw 

Du kanns och selwer Spillreegelen erfannen. Deel se mat denge Frënn. Du kanns och e Video vun denger Versioun ophuelen an se esou deelen.  

 

Tipps an Tricks 

Instruktioune fir d’Bastele vum Material a fir d’Uweisunge vum Spill:  

https://www.youtube.com/watch?v=D5hQ9UTDQ6s&feature=youtu.be 

 

Weiderféierend Material a Links

http://codeweek.it/codyroby 

Fiche codyroby.pdf fir ze printen

Fichiers à télécharger

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: