LOGO 7

LOGO 7: Spigelbiller

D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Spigelbiller.

Dëse Modul fänkt domadder un, dass d’Schüler déi nämmlecht Händsch respektiv den identesche Klon an déi selwecht Int (Foto) identifizéieren. Duerno sollen si d’Spigelbild vun zwou a véier Faarwen respektiv Formen oder Figure (Foto) leeën. Bei den dräi leschten Übungen sollen d’Schüler d’Figur spigelverkéiert nozeechnen.

D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.

LOGO 7

 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: