D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Kombinéieren.
Am Ufank soll de Schüler kleng a grouss Pärelen richteg kombinéieren, duerno soll hien déi richteg Formen respektiv Muffins an der richteger Reiefolleg oplëschten. Eng weider Zort Übungen besteet dodran e Bild aus de verschiddene Stécker richteg zesummen ze bauen, dobäi ginn et ëmmer méi Stécker. Spéider soll de Schüler erëmerkennen aus wéi enge Formen sech d’Figuren zesummesetzen. Déi dräi lescht Aufgaben bestinn aus Tangram-Exercicen, wou de Schüler souwuel soll d’Zesummesetzung erëmerkennen (Foto), an awer och wéi eng aner Figuren een aus dësem Tangram nach ka leeën (Foto).
D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: