D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Richtungen.
De Modul fänkt domadder un, dass de Schüler erkenne soll wéi een Déier an déi selwecht Richtung kuckt, duerno soll heen unhand vun zwee respektiv dräi Feiler dat richtegt Bild erkennen. Dann gëtt et méi schwéier andeems de Schüler genau erkenne soll, wou am Raum sech de Géigestand befënnt. Dëst am Ufank ganz konkret unhand vu Formen (Foto) an duerno méi abstrakt duerch Feiler (Foto). Zum Schluss soll de Schüler déi selwecht Figur zouuerdnen.
D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: