D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Ergänzen.
Fir unzefänken soll de Schüler dat feelend Stéck vun engem Bild sichen, duerno soll hien déi aner Hallschent vum engem Bild erkennen an spéider dat feelend Stéck vun der Form (Foto). Als Ofschloss soll heen nach eng Kéier dat feelend Stéck vum Bild (Foto) ergänzen.
D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: