D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Entdecken.
Bei den éischten Übungen soll de Schüler den Ëmrëss vun engem Déier respektiv enger Persoun zouuerdnen. Duerno soll hien een Deel vun engem Déier rëmerkennen. Méi komplizéiert gëtt et dann fir hien de richtegen Ëmrëss vun engem Déier respektiv enger Form an engem Bild mat villen Ëmrësser ze fannen (Foto). Ofschléissend soll de Schüler an engem Bild de Feeler entdecken (Foto) an an der leschter Übung soll hien den Ëmrëss vun enger Déier op engem ëmmer méi schwéieren Hannergrond erkennen.
D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: