LOGO 1: Faarwen a Formen

D’LOGO Rei soll spilleresch d’Kompetenzen vum logeschen a mathemateschen Raisonnement am Cycle 1 entwéckelen. Et ginn hei sechs Moduler an all Modul besteet aus néng Übungen déi ëmmer méi usprochsvoll ginn. Et gëtt an kengem Modul Sprooch benotzt an dësen Modul handelt em d’Faarwen an d’Formen.

Am Ufank soll de Schüler déi richteg Faarf respektiv Form erkennen, duerno soll hien d’Faarf an d’Form wou feelt erausfannen. Et gëtt da méi schwiereg doduerch dass hien muss méi Faarwen respektiv Formen (Foto) ergänzen. Ofschléissend soll de Schüler dat selwecht Haus oder Schlass (Foto) respektiv en Af zouuerdnen.

D'Startsäit vum Modul, wou d'Schüler kënnen d'Übungen auswielen ass zur gläicher Zäit e Léierjournal wou motivéiert. Hei kënnen si gesinn, wéi eng Exercicer si schon geléist hunn an ass eng Übung komplett feelerfräi ofgeschloss kréien si e Stär.

Logo1

 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: