Maach d’Usicht vum Koordinatengitter un. D’Usicht vun den Achse kanns du ausmaachen.
Zeechen eng Gerade an, dat ass deng Spigelachs. Benotz eng Faarwen dofir, fir dass se gutt erkennbar ass. Du kanns se och fixéieren, fir dass se net geréckelt ka ginn.
Mol elo e Vieleck. Du solls dann dës Figur mat denger Spigelachs spigelen. Zeechen d’Spigelung an a kontrolléier mam Outil ,,Spiegele an Gerade‘‘ op deng Spigelung richteg war.
Du kanns mat engem Stëft d’Spigelung vum Vieleck ongeféier anzeechnen an dann eréischt iwwerpréiwen.
Du kanns déi Übungen och mat denge Frënn deelen. Späicher dofir d’Datei ouni Spigelungen of an deel se mat hinnen. Si sollen dann d’Spigelung zeechnen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: