Geogebra 2: Flächeninhalt bestëmmen

Flächeninhalter vu Figuren bestëmmen

Géi op d‘Websäit https://www.geogebra.org/geometry. Maach d’Usiicht vum Koordinatengitter un. Mol e reegelméissegt Vieleck oder e Vieleck.

Bestëmm d’Unzuel vun den Eenheetsquadrater vun dëser Figur.

Iwwerpréif mam Outil ,,Flächen messen‘‘.

Wéi verännert sech de Flächeninhalt vum Quadrat, wann s du d’Säitelängt verduebels, verdräifachs, …? Probéier eng Reegel erauszefannen.

Wéi verännert sech de Flächeninhalt vum Rechteck, wann s du d’Säitelängten (oder just eng Säitelängt) verduebels, verdräifachs, …? Probéier eng Reegel erauszefannen.

Tipps und Tricks

Du kanns och esou Übunge mat denge Frënn deelen. Späicher dofir d’Datei mat e puer Vielecken of an deel se mat hinnen, si sollen de Flächeninhalt vun de Figure bestëmmen.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: