Forms ass eng Applikatioun déi einfach ze handhaben ass an interessant Funktiounen bitt. Mat Forms kann een Onlineëmfroen a Quizzer erstellen an des un aner Persounen schécken. Et stinn 9 verschidden Froentypen zur Auswiel, dorënner Text-Froen a Multipel-Choice Froen. De Link zum online Formular kann een direkt via E-Mail verschécken an d’Resultat vun der Ëmfro kritt een herno als Excel-Tabelle an Diagramm. Grousse Virdeel vu Forms ass, dass d’Ëmfroen souwuel um Handy wéi um Computer kennen opgeruff ginn. Iwwer den Office365 huet een gratis Zougang zu dëser Applikatioun.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: