Mathemarmite

Mathemarmite

Wat ass bei der Mathe a bei de Monsteren selwécht?

Béides kann ee fäerten doen!! Mee Mathe a Monstere kënnen engem och Spaass maachen.

Mathemarmite gëtt de Kanner d`Méiglechkeet, hier Ziel-Kompetenzen an enger heemlecher a frëndlecher Ambiance ze verbesseren. Si schaffe mat Rezepter, vermësche Ingredienten an de richtege Quantitéiten an engem risegen Dëppen, soen Zauberspréch op an entdecken eng Abberzuel u monstréise Verwandlungen, déi se duerno an hirem Monster-Fotosbuch kënne fir d´Eiwegkeet festhalen.

 

Mathemarmite ass awer net nëmmen e Spill – et ass och e Fuerschungsprojet, dee vum xCIT-Fuerschungsgrupp vun der Uni Lëtzebuerg, an Zesummenaarbécht mat Experten fir mathematesch Kompetenze vun de Kanner a fir maschinellt Léiren duerchgefouert gëtt. D`Daten, déi iwwert dem Spille gesammelt ginn, gi gebraucht, fir d´Léiererfahrungen vum Eenzelnen an Echtzäit ze personaliséiren. Se ginn awer och zu engem groussen Deel offline veraarbécht, fir eist Verstoen vum mënschleche Geescht ze verbesseren. D´Wëssen, dat mat den Daten aus dem Spill gewonne gëtt, hëlleft, hoffentlech, fir d´Spill an d`Léiren an aneren Iteratiounen ze verbesseren.

Mir hoffen, datt Äert Kand iwwert dem Spille vum Mathemarmite vill Freed mat der Mathematik huet an dozou bäidréit, fir besser Léierspiller fir déi nächst Generatiounen ze entwécklen.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: