Bei dësem Spill soll een eng Zuel, déi ugi gëtt, mat Hëllef vu fënnef aneren Zuele kréien.
Fir dat ze maachen, dierfen déi véier Operatiounen (+, -, x, :) benotzt ginn.
Oflaf
Et gëtt eng Zuel tëschent 10 a 69 uginn. Dat ass d’Zilzuel, déi een areeche soll. Et gi fënnef wieder Zuelen uginn:
-eng Zuel tëschent 1 a 4
-eng Zuel tëschent 1 a 6
-eng Zuel tëschent 1 an 8
-eng Zuel tëschent 1 an 12
-eng Zuel tëschent 1 an 20
Mat dëse 5 Zuele soll d’Zilzuel duerch d’Benotze vun de 4 Operatiounen erreecht ginn. All Zuel dierf just eemol benotzt ginn.
Wéi vill méiglech Rechnunge ginn et?
Wie fënnt de kierzte Wee?
Wie fënnt de längste Wee?
Wie kritt Divisiounen a Subtraktiounen agebaut?
Tipps an Tricks
Am Cycle 2 kann een sech eng Zilzuel tëschent 1 an 20 wielen. D’SchülerInne solle just duerch Additiounen a Subtraktioune versichen d’Zilzuel ze areechen. Dofir dierfen si just 4 Zuelen auswielen. D’Zoufallszuel tëschent 1 an 20 gëtt ewech gelooss.
Op der Websäit vu Mathador (https://www.mathador.fr/index.php#maison) fënnt een demnächst zwou gratis Apps. D’Iddi vun dësem Spill staamt aus engem Spill vu Mathador.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: