De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) wënscht sech datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, d‘ Kanner- a Jugendliteratur aus Lëtzebuerg kennenzeléieren an dat mat Liesungen um YouTube-Channel vum CNL. De Programm riicht sech un déi ganz Kleng, awer och u Jugendlecher, also vum Cycle 1 bis an de Secondaire. Eng sëlleche Geschichte si bekannt, well se och am Lies a Fléi – de Katalog recommandéiert ginn.
https://www.youtube.com/channel/UC0iD4qteiFZy5iRlRG0pwxQ
D’Potty Lotty erzielt jonke Kanner Geschichten, an deenen si sech liewhaft an d’Szen setzt. D’Geschichten, déi op Lëtzebuergesch erzielt ginn, riichten sech u Kanner aus dem Cycle 1, et kënnen awer och méi al Kanner oder Geschwëster Gefalen doru fannen.
https://www.youtube.com/channel/UCTXLOF27KxFvS9zJJDsMYKw
Geschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner aus dem Cycle 1 vum Annick Sinner erzielt a vum Eric Falchero musikalesch ënnermoolt.
https://www.youtube.com/channel/UCVkkxpJl4_6XNEQODFxhvpA/featured
De Pierchen an de Wollef vum Sergueï Prokofiev ass wuel ee vun de bekanntste Musekmärercher fir Kanner. D’Zil vum Wierk ass et, dass d‘Kanner d‘Instrumenter aus engem Symphonieorchester kenneléieren.
Dës Versioun erzielt déi bekannt Geschicht kannergerecht op Lëtzebuergesch. D’Märchen ass musikalesch ënnermoolt, an all Instrument gëtt eenzel virgestallt a bei déi passend Figur zougeuerdent.
https://dpav.script.lu/de-pierchen-an-de-wollef/
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: