Bild von sindrehsoereide auf Pixabay

Geschichten fir ze lauschteren op franséisch

Les p’tites histoires – Kléng Geschichten

Dëst ass e Portal mat Podcasts fir Kanner ab dem Cycle 3. D’Geschichte sinn op Franséisch vertount.

All Woch kënnen d’Kanner zwou nei Geschichte lauschteren: eng ganz kuerz Geschicht vun 1 Minutt en Dënschden an eng méi laang Geschicht vun 10 Minutten en Donneschden.

https://taleming.com/les-ptites-histoires/


Astérix et la Zizanie

Op France Culture, engem nationale kulturellen ëffentlech-franséischem Radio, fënnt een en Hörspill-Concerten.  Ee vun de bekanntste Comics mam klenge Gallier gouf als Hörspill opbereet, mat Soundeffekter, Geräischer, Originalmusék a Schauspiller. D’Geschicht gëtt op Franséisch erzielt.

https://www.franceculture.fr/emissions/fictions-theatre-et-cie/la-zizanie-dapres-lalbum-de-rene-goscinny-et-albert-uderzo


Dem Tintin seng Geschichten

Op France Culture, engem nationale kulturellen ëffentlech-franséischem Radio fënnt ee 4 Albe vum Tintin erëm, déi mat der Zesummenaarbecht vun der ,,Comédie-Française‘‘ an dem franséischen Nationalorchester als Hörspill opbereet goufen. D’Podcasts sinn op Franséisch.

https://www.franceculture.fr/bd-bande-dessinee/les-aventures-de-tintin-quatre-albums-a-ecouter


Lis-moi une histoire – Lies mir eng Geschicht vir

De franséische Verlag Albin Michel Jeunesse, bitt an Zesummenaarbecht mat RTL e Podcast Lis-moi une histoire un. All Moie liest en Auteur vum Verlag aus sengen Texter fir. Kanner kënnen eleng oder mat hiren Elteren zesummen an de Genoss vun dëse flotte Geschichte kommen.

https://www.rtl.fr/emission/lis-moi-une-histoire


Encore une histoire – Nach eng Geschicht

Encore une histoire ass e Podcast vu Cultura a franséischer Sproch a fir Kanner geduecht, déi gär Geschichten erzielt kréien. All Woch gëtt en aneren Extrait aus engem Kannerbuch virgelies.

D’Websäit verlinkt déi jeeweileg Auteuren an ernimmt och d’Referenze vun de Bicher déi virgelies goufen.

https://shows.acast.com/encore-une-histoire/


Des histoires en musique – Geschichte musikalesch ënnermoolt

„Des histoires en musique“ vu radio classique erzielt de Kanner op Franséisch bekannte Märercher, déi vu klassescher Musek ënnermoolt ginn. D’Offer gëtt all Mëttwoch ëm eng wieder Erzielung ergänzt.

https://www.radioclassique.fr/podcasts/serie/des-histoires-en-musique/


 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: