Book Creator – Biller vertounen

Beschreiwung

Vertoune vun engem Bild mat Hëllef vun der App „Book Creator“

Oflaf

An enger éischter Phas setzt sech de Schüler/dʼSchülerin mam Bild auserneen a schreift all dʼWierder op, déi him/hir dozou afalen.

Dono fotograféiert de Schüler/dʼSchülerin säin/hiert Bild mat dem Tablet, fir et ze vertounen. Den Optrag gëtt kloer formuléiert: Wat soen oder denken dʼPersounen op dem Bild?

DʼSätz ginn opgeholl an de Lautsprecher gëtt bei déi jeeweileg Persoun geréckelt.

Déi gespäichert Opname kënnen ëmmer rëm virgespillt a mat anere gedeelt ginn.

Material

Tablet mat der App „Book Creator“

Bild

Tippen an Tricken

Alternativen Aarbechtsoptrag: Wat soen oder denken dʼSaachen?

„HiddenFolks“ ass eng App, an där een ënnerschiddlech Bëselbiller (Wimmelbiller) fënnt. An där kann een dann déi gewënschte Persoune sichen. Dës App erméiglecht och Aktivitéiten, déi méi wäit féieren.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: