Audiobooks: Lauschterbicher

Beschreiwung

DʼSchüler oder dʼEnseignantë kënne mam „Book Creator“ sougenannt Audiobooks kreéieren. Audiobooks si Lauschterbicher, déi mat Biller illustréiert sinn. Op dës Biller gëtt dann eng passend Geschicht geschwat.

Oflaf

  1. Eng Geschicht ausdenken oder auswielen (zum Beispill e Märchen).
  2. DʼPersounen an den Oflaf festleeën. (Dat kann ee ganz einfach mat enger Skizz maachen: Wéi eng Plaze kommen an der Geschicht vir? Wéi eng Figuren?)
  3. „Book Creator“ starten.
  4. Eng Buchvirlag aus dem „Book Creator“ wielen.
  5. Op all Duebelsäit e passend Hannergrondbild afügen, op dʼHannergrondbiller déi ausgewielte Persoune setzen. DʼSichmaschinn fir Biller ass am „Book Creator“ integréiert.
  6. DʼGeschicht, wa méiglech, engem aneren erzielen.
  7. DʼGeschicht Säit fir Säit ophuelen.
  8. Sätz ophuelen: Et kann ee pro Säit esou vill Opname maachen, wéi ee wëll. Et ass just wichteg, datt een direkt an der richteger Reiefolleg ophëlt.
  9. Buchtitel a Buchcover gestalten.
  10. Sech dʼBuch vum Computer virliese loossen.

Material

  • Computer oder Laptop oder Tablet
  • Internet
  • Eventuell en Headset (Mikrofon)

Tippen an Tricken

  • Et gëtt eng eege Billersichmaschinn am „Book Creator“.
  • Et kann een dʼApp och eroflueden, da muss een net allkéiers dʼWebsäit starten a sech nei umellen.
  • Et kann een och eege Fotoen an Zeechnungen an de „Book Creator“ eroplueden, esou gëtt dʼGeschicht nach méi eenzegaarteg an nach méi perséinlech.
  • Et kann een och Videoen dréien an afügen.
  • DʼAudiodateie ginn am „Book Creator“ selwer opgeholl a produzéiert.
  • Mat engem Headset gëtt dʼQualitéit vun der Opnam besser.
  • Duerch den Invitatiounscode („Invitation Code“) kënnen aner Schüler oder Enseignanten op dʼLauschterbicher zougräifen oder der selwer maachen.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: