Book Creator – Mäi Quarantän-Tagebuch

Beschreiwung

Beschreif, illustréier, dokumentéier, wat s du an der Zäit vun der Quarantän all Dag esou méchs, wéi et dir geet an op wat s du dech am meeschten no dëser Zäit frees.

Oflaf

Step 1:

Gëff denge SchülerInnen Zougang zur Bibliothéik, mat engem Link zum Beispill, an erklär hinne kuerz den Aarbechtsoptrag.

Step 2:

DʼKanner kënnen hiert Tagebuch fräi gestalten, wichteg ass just, datt reegelméisseg dokumentéiert gëtt. Si kënne Fotoen oder Artikelen eroplueden, mat de Biller am Programm schaffen, eppes mat der Audiofunktioun vertounen an natierlech och Saache verschrëftlechen.

Step 3:

Als Enseignant kënnt Dir ëmmer kucken, wat dʼSchüler schaffen, Dir kënnt hinne Feedback ginn, Froe beäntweren oder Hëllef ubidden.

Mein Quarantäne Tagebuch

 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: