D’ErwuesseBildung huet eng Mediathéik, déi iwwert eng Villzuel u Filmer fir den Unterrecht ubitt. D’Schwéierpunkte léien hei an de Beräicher ,,Vie et société‘‘ a Mediebildung. Eng Auswiel u Literaturverfilmungen ergänzen de Programm. Vill Filmer ginn online ugebueden. DVD’en kënnen am Moment leider net verschéckt ginn.
D’Mediathéik ass fir all Member zougänglech. Et kann een sech iwwert de Site aschreiwen. Hutt dir Froen, braucht dir eng Berodung? Dir kënnt eis iwwert folgend E-Mailadress erreechen: barbara.schu@ewb.lu
Gitt Är Telefonsnummer an der E-Mail un, da ruffen si Iech gären un.
Fir vill Filmer fënnt ee Material fir de Cours a Form vun engem PDF, déi een och de SchülerInnen zur Verfügung stelle kann.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: