Déi faszinant Geschicht vum Melusina, dat op mysteriéis Aart a Weis an der Uelzecht verschwonnen ass, gëtt dräi jonke Fuerscher d'Méiglechkeet, sech op d'Sich no engem anere Melusina ze maachen, dat am Naturmuée ausgestallt ass! Fannen si eraus, firwat déi zwou Kreaturen dee selwechten Numm hunn?
Liest dat fräi zougänglecht Buch online (kompletten Text a gratis) mat follgendem Link op Calameo: https://fr.calameo.com/read/0045179721c2ca8622321
Mir soen dem Editiounshaus Plume de Carotte, der Schrëftstellerin Laurence Talairach an dem Illustrator Titwane e grousse Merci, datt si d'Buch « Secret de Mélusine » wärend dem Confinement gratis zur Verfügung gestallt hunn! D'Laurence Talairach, Auteure vun der Serie, ass Professorin op der Université Toulouse-Jean Jaurès a Fuerscherin am Centre Alexandre Koyré (UMR 8560).
Hei eng kuerz Presentatioun vum Buch, am Hannergrond gesitt dir d'Fossil, dat den Numm Melusina dréit: https://vimeo.com/416269544 .
Vergiesst net, wann dir d'Buch liest, de Spuere vun eisen dräi jonke Fuerscher nozegoen, andeem dir an 3D duerch den Naturmusée gitt !
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: