Wann een den aktuelle Berechnunge vum Global Footprint Network gleewe kann, da bréichte mir 1,75 Planéite fir eise weltwäite Besoin u natierleche Rohstoffer ze decken.
D‘SuperDrecksKëscht-Akademie huet an Zesummenaarbecht mam SCRIPT verschidden Aktivitéiten ausgeschafft. Dës sollen dir erméiglechen erauszefannen, wéi een Afloss d’Thema Ressourcëverbrauch op däin Alldag huet. Des Weidere fënns du eraus wéi s du méi nohalteg am Alldag liewe kanns a wéi s du domat natierlech Ressource schoune kanns.
Am Quiz Wer wird Millionär: Die nachhaltige Entsorgung gi Froen zum Thema Offall gestallt. Dëst fuerdert spilleresch d’nohalteg Denken, Wëssen an Handelen.
Pro Schwieregkeetsgrad gëtt et eng Rei u Froen, déi duerch Zoufall ausgewielt ginn. D’Spill déngt der Ënnerhalung an Informatioun, et ginn natierlech keng Geldbeträg ausbezuelt fir richteg Äntwerten.
Du kanns d’Spill ënnert folgende Links spillen:
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: