Wann een den aktuelle Berechnunge vum Global Footprint Network gleewe kann, da bréichte mir 1,75 Planéite fir eise weltwäite Besoin u natierleche Rohstoffer ze decken.
D‘SuperDrecksKëscht-Akademie huet an Zesummenaarbecht mam SCRIPT verschidden Aktivitéiten ausgeschafft. Dës sollen dir erméiglechen erauszefannen, wéi een Afloss d’Thema Ressourcëverbrauch op däin Alldag huet. Des Weidere fënns du eraus wéi s du méi nohalteg am Alldag liewe kanns a wéi s du domat natierlech Ressource schoune kanns.
An der Geschicht Die große Schatzsuche wëllen d‘Anna a seng Schwëster Lisa e grousse Schatz fannen. Si fannen awer just Offall. Mee e Moment… kéint et sinn, dass grad déi Offäll a Wierklech d’Schätz sinn?
Bei der Reschtoffallanalys geet et dorëm d’Analys vum Reschtoffall vun 2018/19 vun der lëtzebuergescher Ëmweltverwaltung genau ënnert d’Lupp ze huelen an den Ëmgang vun de Lëtzebuerger mam Offall ze verstoen. Hei sinn deng Rechekënscht gefrot.
Ausserdeem kanns du dem Kommissar Green hëllefen, seng Notizzen ze vervollstännegen. Den Detektiv ass der Produktioun vu Smartphonen op der Spuer. Dofir war hien a vill verschidde Länner op der ganzer Welt an huet interessant a spannend Fakte ronderëm d’Produktioun vu Smartphone gesammelt. Am Quiz Wer wird Millionär: Die nachhaltige Entsorgung gi Froen zum Thema Offall gestallt. Dëst fuerdert spilleresch d’nohalteg Denken, Wëssen an Handelen.
Déi verschidden Aufgabe kënnen onofhängeg vun eneen erschafft ginn:
Die große Schatzsuche
Kuck dir fir d’éischt d’Geschicht vum Anna a Lisa un a fann eraus, wéi déi grouss Schatzsich verleeft.
Duerno kanns du dech méi intensiv mat der Geschicht auserneesetzen. Heifir gëtt et en Aarbechtsblat mat Froen zu der Geschicht.
Et gëtt och e Corrigé vun dësem Aarbechtsblat. Du kanns also iwwerpréiwen ob deng Äntwerte richteg waren.
Dës Aktivitéit eegent sech fir SchülerInnen ab dem Cycle 3.
Reschtoffallanalyse
Huel d’Notizbuch vun der Offallanalyse 2018-19 a léis déi ënnerschiddlech Aufgaben. Bei verschiddene Aufgabe fënns du nach wieder Links a Videoe mat zousätzlechen Erklärungen, dir déi hëllefen d’Aufgaben ze léisen. Och hei gëtt et e Corrigé vum Notizbuch. Du kanns domat iwwerpréiwen ob deng Äntwerte richteg waren.
Dës Aktivitéit eegent sech fir SchülerInnen ab dem Cycle 4.
Kommissar Green
Huel d’Notizbuch vum Kommissär Green. Hëllef him seng Froen ze beäntwerten a säin Notizbuch ze fëllen. Et gëtt e Corrigé vun dësen Aufgaben, du kanns also iwwerpréiwen op deng Äntwerte richteg waren.
Wer wird Millionär: Die nachhaltige Entsorgung
Pro Schwieregkeetsgrad gëtt et eng Rei u Froen, déi duerch Zoufall ausgewielt ginn. D’Spill déngt der Ënnerhalung an Informatioun, et ginn natierlech keng Geldbeträg ausbezuelt fir richteg Äntwerten.
Du kanns d’Spill ënnert folgende Links spillen:
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: