SDK - Kommissar Green

Beschreiwung

Wann een den aktuelle Berechnunge vum Global Footprint Network gleewe kann, da bréichte mir 1,75 Planéite fir eise weltwäite Besoin u natierleche Rohstoffer ze decken.

D‘SuperDrecksKëscht-Akademie huet an Zesummenaarbecht mam SCRIPT verschidden Aktivitéiten ausgeschafft. Dës sollen dir erméiglechen erauszefannen, wéi een Afloss d’Thema Ressourcëverbrauch op däin Alldag huet. Des Weidere fënns du eraus wéi s du méi nohalteg am Alldag liewe kanns a wéi s du domat natierlech Ressource schoune kanns.

Ausserdeem kanns du dem Kommissar Green hëllefen, seng Notizzen ze vervollstännegen. Den Detektiv ass der Produktioun vu Smartphonen op der Spuer. Dofir war hien a vill verschidde Länner op der ganzer Welt an huet interessant a spannend Fakte ronderëm d’Produktioun vu Smartphone gesammelt.

Oflaf

Huel d’Notizbuch vum Kommissär Green. Hëllef him seng Froen ze beäntwerten a säin Notizbuch ze fëllen. Et gëtt e Corrigé vun dësen Aufgaben, du kanns also iwwerpréiwen op deng Äntwerte richteg waren.

Dës Aktivitéit eegent sech fir SchülerInnen ab dem Cycle 4.

Material

  • Notizbuch Kommissar Green
  • Notizbuch Kommissar Green – Léisungen

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: