Book Creator – Déierebuch

Beschreiwung

Opsetze vun engem Déierebuch mat Hëllef vun der App „Book-Creator“

Oflaf

De Schüler/dʼSchülerin sicht sech e puer Déieren eraus, zu deenen et e Steckbréif opsetze wëll.

Virgab: eng Säit, Titel erkennen, Iwwerschrëfte markéieren, Fotoen integréieren, eegen Zeechnung vum Déier fotograféieren an afügen.

Am „Bestëmmungsbuch“, a Sachbicher oder op Internetsitte fannen dʼKanner déi wichtegst Informatiounen doriwwer, wéi dʼDéieren ausgesinn, wou se liewen, wat se friessen, wat se besonnesch mécht ...

Op all Säit vum digitale Buch gëtt en anert Déier a Form vun engem Steckbréif virgestallt.

Material

Book Creator

(Sachbicher)

(Bestëmmungsbuch)

Tippen an Tricken

De Kanner Texter zur Verfügung stellen, déi bei hiren Alter passen. Dobäi hëlleft dësen Internetsite: http://www.kindernetz.de/oli/tierlexikon/-/id=10600/1o2wn12/index.html

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: