Book Creator – Buchvirstellung

Beschreiwung

Eng Buchvirstellung mat der App „Book Creator“ maachen.

Oflaf

De Schüler/dʼSchülerin wielt säin/hiert Liblingsbuch fir dʼVirstellung.

DʼSchüler/Schülerinne kënnen hir Buchvirstellung no de follgende Krittären opbauen:

Titelsäit:

  • Afüge vun enger Foto vum Cover vum Buch
  • Numm vum Kand

1. Säit:

  • Virstellung vum Auteur
  • Jee no Schwieregkeetsgrad kann een dʼSchüler/Schülerinnen Informatiounen iwwer den Auteur nosichen an eng kuerz Biografie opstelle loossen

2. Säit:

  • kuerz Infografie iwwer dʼBuch: wéi vill Säiten, wéi vill Kapitelen, Verlag, Zort vu Buch ...

3. Säit: Virstellung vun den Haaptprotagonisten

  • Hei kënnen dʼSchüler/Schülerinne Biller afügen oder eventuell selwer e Bild zu den Haaptfigure molen

4. Säit: Resumé vun der Handlung

5. Säit:

  • Virdroe vun der Liblingszeen aus dem Buch (dʼSchüler/Schülerinne sollen e kuerzen Extrait virliesen a sech mat Hëllef vun der Ophuelfunktioun an der App ophuelen)

Material

  • Book Creator
  • Liblingsbuch

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: