Hues du dir jee d’Fro gestallt, wéi aus Fell Lieder gëtt? Wat haten Eechenbescher am 18. An 19. Joerhonnert mat der Produktioun vu Lieder ze dinn? Wéi een Deel vun der Eech huet e fir d’Produktioun vu Lieder gebraucht?
De klénge Fuerscher huet sech opgeschriwwen, wéi Lieder hiergestallt gëtt. Leider huet hien d’Biller duerchernee geheit. Probéier déi eenzel Aarbechtschrëtt erëm an déi richteg Reiefolleg ze bréngen.
Nodeems du mat engem Bläistëft déi eenzel Biller mat engem Saz verbonnen hues, kanns du dir d’Video zum Handwierk vum ,,Lou Schläissen‘‘ ukucken.
https://www.youtube.com/watch?v=aotg33KgKxI
Nom Video kanns du den Text mat den Zousazinformatiounen zum Lou Schläissen duerchliesen (2. Lohwirtschaft).
Wann dat Thema dech interesséiert a s du méi iwwert d’Handwierk vum Gierwen léiere wëlls, kanns du dir den Text mat Zousazinformatiounen ,, „3. Gerberei – erst Hauswirtschaft später Handwerk“ duerchliesen.
E spannenden Abléck an d’Handwierk vum Gierwe vun haut kriss du am folgende Film op Youtube: https://www.youtube.com/watch?v=9HlqMtLqFQ4
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: