D’Websäit Il était une histoire bitt de Kanner eng grouss Auswiel u franséische Geschichten, Märercher, Sachtexter, Gedichter a Kannerreimen un. D’Texter kënnen op ënnerschiddlech Aart a Weis beaarbecht ginn: et kann een se eleng liesen, d’Virliesfunktioun auswielen, eng Videoversioun dovunner gesinn, ënnerstëtzend liesen oder souguer Froe beäntweren.
Tipps an Tricks
D’Optioun „lire l’histoire avec une aide“ (d’Geschicht mat enger Hëllef liesen) ass besonnesch wäertvoll. Et handelt sech dobäi ëm e „Lieskaraoke“: D’Wierder ginn an deem selwechten Tempo wéi an der Audioversioun vun der Geschicht „iwwermoolt“.
D’Websäit bitt ausserdeem Geschichten op Englesch. Déi Optioun setzt awer eng Umeldung viraus.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: