Babbelbubble ass eng App, déi entwéckelt gouf fir Kanner beim Léiere vu Vocabulaire op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ze ënnerstëtzen. Si gouf speziell fir Kanner mat engem méisproochegen Sproochenhannergrond entwéckelt.
D'App ëmfaasst 40 Themeberäicher (dorënner z.B. 'de Kierper', 'd'Famill', 'um Maart' a 'Léieren an der Schoul'). D'App gëtt de Kanner d'Méiglechkeet ze wielen, ob se den neie Vocabulaire op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch léiere wëllen.
All Thema féiert 15 nei Wierder an. Verschidden Übungsformater ginn ugebueden fir rezeptiv a produktiv Kompetenzen an de Beräicher Schwätzen, Schreiwen a Liesen bei de Kanner ze fërderen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: