LALA – Sproochfërderung fir di Kleng

LALA ass e Fërderprogramm, deen et Kanner vum Cycle 1 erméiglecht, op spilleresch Manéier d‘phonologesch Bewosstheet ze trainéieren an och Buschtawen kennenzeléieren. Etüden, ënner anerem vun der Uni Lëtzebuerg, hunn erwisen, datt dës Kompetenzen wichteg sinn fir d’spéidert Liese léieren.

De Programm gëtt duerch den Enseignant an der Klass duerchgefouert a besteet aus enger Unzuel vu systemateschen Spiller an Aktivitéieten. Well d’Schoulen elo zou sinn, ginn den Elteren an den Enseignanten verschidden Elementer aus dem LALA Programm online zur Verfügung gestallt.

Fir Familljen déi doheem Portugisesch schwätzen kann déi bilingual Playlist (lëtzebuergesch-portugisesch) besonnesch interessant sinn. Hei kënnen d’Kanner den „Zillaut-Buschtaf“ souwuel an engem Wuert a Lidd op Lëtzebuergesch wéi och an engem Wuert a Lidd op Portugisesch entdecken.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: